COVID-19 // UPDATE // 24.03.2020


Léif Clienten a Vakanzefrënn,

Mir mussen iech leider matdeelen datt mir all eis weltwäit Reese bis de 30. Abrëll 2020 ofsoe mussen. 

Äert ULT-Team

 

 

COVID-19 // UPDATE // 17.03.2020

Mir mussen iech leider matdeelen datt mir all eis weltwäit Reese bis de 6. Abrëll 2020 ofsoe mussen. Am Kader vun den Aschränkungen a Verbueter, déi an deene leschten Deeg a Wochen opgestallt goufen, der zouhuelender Croissance vun de Flich déi gestrach ginn, souwéi der allgemenger Situatioun an der Welt, déi sech ëmmer nees verännert, gesi mir zu dësem Zäitpunkt op ville vun eise proposéierten Destinatiounen, keng Méiglechkeet méi, eis Reese regulär duerchzeféieren.

Äert ULT-Team

 

 

COVID-19 // UPDATE // 17.03.2020

 

Léif Clienten a Vakanzefrënn,

Wéi dir wësst huet eis Regierung eng Rei Moossnamen ergraff fir d’Verbreedung vum Corona-Virus sou séier wéi méiglech ze stoppen. Mir appelléieren un är Solidaritéit a Kooperatioun, passt op iech op, a bleift gesond. Mir freeën eis no dëser schwiereger Zäit erëm zesumme mat iech an d’Vakanz ze goen.

Mat léiwe Gréiss,

d'Ekipp vun der ULT